En Team mat Häerz fir Déieren
STREET SOULS ass den 23. Oktober 2018 gegrënnt ginn. Mir schaffe mat engem rumäneschen Déierenasyl zu Dej zesummen, dat ASOCIATA ANIMA PRO TERRA heescht. D'Leit vum Déierenasyl zu Dej këmmeren sech op fräiwëlleger Basis ëm verloossen an mësshandelt Déieren.
STREET SOULS versicht fir dës Déieren ee schéint Doheem hei zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze fannen. STREET SOULS ass en Team vu 6 Leit: dem Nathalie, Isabelle a Max, esou wéi dem Dirk, dem Celia an dem Mandy, déi dës Aufgab mat Häerzblutt iwwerholl hunn.
Ob als Fleegefamill, Fräiwëllegen oder duerch eng Spend, all Hëllef zielt.
gegrënnt vun häerzensgudde Fräiwëllegen
Ech sinn 1974 gebuer an hunn 2 Bouwen. Ee ech Mamm gi sinn, hunn ech mäi Liewen de Muppe gewidmet, also hunn ech e Studium als Hondspsychologin ofgeschloss an e puer Joer als Hondstrainerin geschafft. Säit 2017 hëllefen ech menge Frënn vun ASOCIATIA ANIMA PRO TERRA a Rumänien, well ech die grouss Nout vun de Stroossenhënn an deem Land gesinn hunn, an aus dem Grond hunn ech zesumme mat menge Frënn eise Veräin STREET SOULS gegrënnt.
Ech sinn 1977 gebuer a Mamm vun 2 Meedercher. Ech hunn schonn e puer mol Hënn aus dem Déierenheem vun Dej adoptéiert. Verschiddener vun hinnen hunn hiert ganzt Liewen am Déierenheem verbruecht, bis ech beschloss hunn, hinnen e neit Doheem ze schenken. Dat war eng vu menge beschten Etnscheedungen iwerhaapt! Ech hëllefen dem rumäneschen Team säit 2017 a freeë mech elo eisen eegene Veräin STREET SOULS ze hunn. Zesummen kënne mir vill erreechen an eist Zil ass et, esou vill Familljen wéi méiglech fir eis Stroossenhënn ze fannen.
mäi Numm ass Max an ech sinn 1983 gebuer. Duerch meng Fra hunn ech meng Léift zu de Muppen entdeckt. Mir hunn zesummen schonn 3 Muppen aus dem auslänneschen Déiereschutz adoptéiert. Säit 2022 sinn ech de Keessier vu Street Souls.
Bis 22 Joer hat ech keen Hond, awer elo kann ech mir e Liewen ouni Hond net méi virstellen. A menger Famill ginn et vill Hënn, zwee aus enger rumänescher Doudesstatioun, aus Spuenien, vum Ziichter .... Si passen alleguer super zesummen an et ass eis eng Freed eis ëm si ze këmmeren. Wéi ech gesinn hunn wéi een doudonglécklechen Hond sech an e frouen an treie Begleeder verwandele kann, hunn ech beschloss esou vill wéi méiglech ze hëllefen.
Ech sinn d'Celia a säit menge jonke Jore spillen Hënn eng grouss Roll a mengem Liewen. Fir mech war ëmmer kloer, dass ech am Déiereschutz aktiv wëll sinn, virun allem fir Hënn ze hëllefen. No der Adoptioun vu mengem Mupp vu STREET SOULS war mir schnell bewosst, dass ech mech nach weider engagéiere wëll, fir méiglechst ville léiwe Fellnuesen ee schéint Doheem ze fannen.
ech sinn d'Mandy, 1988 gebuer a Mamm vun 2 Meedercher. Meng Léift zu den Déieren a besonnesch zu Muppen, krut ech schonn als Kand a Wéi geluecht. Hënn waren ëmmer en Deel vun eiser Famill. Wéi ech erwuesse war an op mengen eegene Bee stoung, hunn ech decidéiert enger léiwer Fellnues aus dem Déiereschutz ze hëllefen, menger aktueller Seelepartnerin, dem Phoebe. No engem tragesche Verloscht vun eisem Familljemupp am Joer 2023, hu mäi Mann an ech eis entscheet e weider Mupp aus dem Déiereschutz opzehuelen. Eisen 2. an aktuelle Seelepartner, den Tippex, vu Street Souls. E grousst Uleies vu mir war et ëmmer am Déiereschutz eemol täteg ze ginn. No menger Rees op Dej, ëmgi vu léiwe Leit, ass mer du schnell kloer ginn, dass ech aktiver Member bei Street Souls wéilt ginn. Dat fir léiwe Fellnuesen op der Plaz ze hëllefen, mee och hei zu Lëtzebuerg e schéint Doheem ze fannen, esou wéi se dat verdéngt hunn!
Gegrënnt vun häerzensgudde Fräiwëllegen
D'Associatioun ANIMA PRO TERRA a Rumänien, mat där mir schaffen, ass eng ASBL a gouf am Joer 2009 gegrënnt mam Zil Déieren ze schützen an ze retten. Hir Haaptaktivitéite sinn: Iwwerwaachung a Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun Hënn an hirem ëffentlechen Déierenasyl, Besuerge vun Iessen fir déi méi wéi 160 Hënn, déi stänneg am Asyl wunnen, medezinesch Versuergung garantéieren, Adoptiounen ënnerstëtzen an d'Leit beroden an informéieren fir di onkontrolléiert Ziichtung ze vermeiden.