Alles wat Dir iwwert den Adoptiounsverlaf wësse musst
D'Adoptioun vun engem Hond vu Street Souls leeft iwwert eise gemengnëtzegen Déiereschutzveräin „Street Souls asbl" mat der Nummer F12000 beim „Registre des Commerces et Sociétés".
Et handelt sech ëm Déiereschutzhënn, déi haaptsächlech aus dem ëffentlechen Déierenheem vun Dej a Rumänie kommen.
Déi zoustänneg Déiereschutzorganisatioun op der Plaz heescht „Asociatia Anima pro terra".
En Déier ze adoptéieren ass eng grouss a wichteg Entscheedung, déi mir zesummen treffen. Mir wëlle sécherstellen, datt all Déier an déi richteg Famill kënnt.
Fëllt de Formular op der Déieresäit aus. Zielt eis vun Iech, Äerer Wunnsituatioun a firwat Dir adoptéiere wëllt.
Mir mellen eis a féieren e Gespréich. Bei Hënn op Fleeg organiséiere mir en Treffen mam Hond.
Virun der definitiver Vermëttlung maache mir en Hausbesuch, fir sécherzestellen datt d'Ëmgéigend fir d'Déier gëeegent ass.
All eis Déiere reesen ausschliisslech per Trapo mat der Transportfirma „Cat and Dog Rescue Transport". Si reese mat engem gëltegen EU-Hausdéierepass, sinn all gechipt, geimpft, entwuermt a géint Fléi an Zecke geschützt, sinn iwwer Traces gemellt souwéi vum zoustännegen Amtsveterinär gesondheetlech duerchgecheckt. Des weidere ginn se virun der Rees nach op déi gängegst Mëttelmierkrankheeten getest.
Och no der Adoptioun sti mir Iech zur Säit. Mir freeën eis ëmmer iwwer Updates vun Ärem Déier!
Mir erhiewen eng Schutzgebühr, déi d'Käschten fir Impfungen, Kastratioun, Chip, Wurmkur a Transport deelweis deckt. D'Schutzgebühr läit bei 350 € fir Hënn an 250 € fir Kazen.
Eis Déieren gi JUST no positiver Virkontroll, Ënnerschreiwen vum Schutzkontrakt an Begläichen vun der Schutzgebühr un de neie Besëtzer vermëttelt.